D’Martine Deprez huet vum Premierminister en Optrag kritt. De Gilles Roth och. De Serge Wilmes souwisou. D’Elisabeth Margue iergendwann och, just de Léon Gloden, krut keen, well hien als Verfassungsexpert natierlech weess, dass all Minister fir säin eegene Ressort responsabel ass an de Premierminister keng Opträg ze verdeelen huet… – ha! – natierlech krut och hien en Optrag.
Continue reading100 Deeg Haass
De Marc Lies erkläert dem 100komma7, seng gewielte Wierder wieren zwar e Feeler gewiescht, mee eben och “komplett aus dem Kontext gezu ginn”.
De Kontext wuel gemierkt ass dësen: Zu Hesper si fënnef Hénger de Kapp ofgeschloe ginn. Den Député-maire Lies huet doropshi gemengt, de Besëtzer vun den Hénger sollt mam Här Asselborn schwätzen, deen “während Joren ‘open the Gates’ propagéiert huet. Fir lo nees law and order anzeféieren gëtt extrem schwéier mat eiser kompletter derugéilerter [sic] Gesellschaft”. De Jean Asselborn war als Minister fir d’Immigratioun zoustänneg. Den eenzegen novollzéibare Grond, wéisou een de Jean Asselborn also froe sollt, firwat dës Hénger gekäppt goufen – wann een Bezuch op eng angeeblech “open the Gates” Politik hëlt – ass déi, dass de Jean Asselborn ze vill Auslänner (dorënner Geflüchter) an d’Land gelooss huet, an eng vun dëse Persoune fir den Dout vun den Hénger responsabel si soll. Donieft géif dës Präsenz vun Auslänner a Lëtzebuerg et onméiglech maache, fir Sécherheet ze suergen.
Continue readingSonst schwimmen die Fische ans Fenster und schauen herein – En Opruff.
Die Buben lesen alles. Aber sie lesen nur, um spötteln zu können. Sie leben in einem Paradies der Dummheit, und ihr Ideal ist der Hohn. Es kommen kalte Zeiten, das Zeitalter der Fische.‟
„Der Fische?‟
„Ich bin zwar nur ein Amateurastrolog, aber die Erde dreht sich in das Zeichen der Fische hinein. Da wird die Seele des Menschen unbeweglich wie das Antlitz eines Fisches.‟
A leschter Zäit – an dat ëmmer méi oft – froen ech mech, wéi déi kommend Generatiounen am Réckbléck iwwert eis denken. Et geet hei guer net mol drëms, wien an eiser politescher Landschaft schlussendlech “recht an onrecht” huet; esou e Schwaarz-Wäissdenken ass net mäin Uleies. Et geet drëms, wéi mir an där Landschaft mateneen ëmginn a wéi et dozou kënnt, dass den Diskurs ëmmer méi polariséiert, an d’Fronten ëmmer méi verhäert ginn, an drëms wéi eist Land, Europa an déi ganz Welt an 10 oder 20 Joer ausgesinn, wa mir näischt dorun änneren. Ech muss a wëll op dëser Plaz net drop agoen, wéi d’Grondviraussetzunge vun eiser Welt sech an de leschte Joren verännert hunn – dat ass eis all bewosst. Wichteg ass mir, wat mir maachen, fir domat ëmzegoen.
Continue readingEch muss net all Meenung aushalen. Eng Kritik mat Prezisioun.
Wéi den Jonathan Swift säin „A Modest Proposal“ publizéiert huet, gouf et keng rosen Äntwerten, esou eppes dierft een dach net schreiwen. Et huet keen sech doriwwer geiergert, dass seng bescheide Virschléi publizéiert goufen. Et huet kee sech gewënscht, den Auteur sollt sech aneren Theemen widmen. Net, well deemools d’Debattekultur eng besser war – anert Theema, mee hutt dir schonn emol nogelies, wat vum, soe mer mol, 17. bis 19. Jorhonnert an Zeitungen als Debattekultur duerchgaangen ass? Verschidden Editorialiste géifen haut wuel zu Richsalz gräifen, wa si sou eppes materliewe missten, mee zeréck zum Punkt… – mee well d’Lieser woussten, dass hien et net eescht gemengt huet. Säi Virschlag den Honger an Irland ze bekämpfen, an deem een d’Kanner ësst, wouduerch een och manner Persounen ze fidderen hätt, war eendeiteg Satir.
Mee mol ugeholl haut géif een schreiwen, mir sollte Kanner iessen an et eescht mengen: Misst d’Gesellschaft dat aushalen? Oder dierft d’Gesellschaft do kloer ze erkenne ginn, dass et Grenze vun deem gëtt, wat geduecht a gesot ginn dierf. D’Ines Kurschat, seet an hirem Edito am Luxemburger Wort vum 8. August, dass si dat dierf, an erkläert och, wou d’Grenze sinn: „Allerdings muss nicht jede (Gegen-)Rede geduldet werden. Die Grenze verläuft dort, wo menschenverachtende Positionen salonfähig gemacht werden, wo diskriminiert und persönlich diffamiert wird.“ Et ass also kloer: Ried, déi mënscheveruechtend Positiounen eng Plattform gëtt, déi diskriminéiert oder perséinlech diffaméiert ass net erlaabt. Mee Kritik dorunner sollt een awer mat Prezisioun maachen: „Genau zuhören, präzise antworten“.
Challenge accepted.
Continue readingHandye ran an d’Schoulen
D’Diskussioun iwwert d’Stellung vum Handy an der Schoul ass keng nei. Nei entflaamt gouf se a Lëtzebuerg awer spéitstens mam Lieserbréif vum Georges Urwald, Museksprofesser, am Luxemburger Wort, de 17. Dezember d’lescht Joer. A sengem Bréif erkläert hien, deen en Aarbechtskolleeg vu mir ass an deen ech als nodenklechen an engagéierten Enseignant schätzen, dass hie sech eng politesch Decisioun wënscht, déi d’Handyen vum Terrain vun de Schoule verschwanne léisst. Hie begrënnt dat mat engem humanisteschen Usproch: méi Fokus op sech selwer, méi Zesummenaarbecht, méi Rou am Ëmgang mateneen dank engem „geschützte Raum“, an deem de permanenten Afloss vum Medialen gedrosselt gëtt. Decisioune, wéi dat vill beschwate Verbuet an Holland ab nächstem Joer, respektiv am Lycée Ermesinde zum Ufank vum neie Schouljoer, setzen dat ëm, wat hie sech wënscht.
Haut ass et dann um Marc Thill, Editorialist am Wort, fir sech dësem Appell unzeschléissen, a sech e konsequent Verbuet vun den Handyen ze wënschen. Mee aneschters wéi de Georges Urwald, dee sech zentral d’Fro stellt, wéi d’Technologien eis Konzentratiounsfäegkeet beaflossen, monéiert den Thill pauschal den Zäitverloscht an d’Onselbststännegkeet, déi duerch d’Handyen verursaacht ginn. Fir hien mussen d’Handyen aus de Schoule raus, well si de Schüler „Fake News, Pornografie, Hass, krude Theorien und das schreckliche Schaulaufen der Eitelkeiten“ bidden an domat d’Jugend verdierwen. An do gëtt et da méi schwéier, mat der Argumentatioun nach matzegoen. Mee der Rei no.
Continue reading#mvos – Mam Vëlo op Sharm El-Sheikh
De Rick Mertens wëll net Froe stellen, hie wëll Äntwerte kréien. Bei him ginn Interviews an der Reegel zum Handwierk: hie buert, hie pickt, hie schléit och mol mam Hummer drop. Oder anescht: Duerch eng perfekt Preparatioun, geziilten Nofroen an och mol en Iwwerraschungsmoment, mécht hien et senge Gäscht seelen angeneem. All Nolauschterer vum Radio 100komma7 weess, dass dat vun engem vu sengen Interviews ze erwaarden ass. Et ass erstaunlech, dass de Paul Galles dat scheinbar bis dësen Donneschden net wosst.
Continue readingAll I want for Superwaljoer is ideology
Pragmatesch Politik am Intérêt vum Bierger amplaz blann enger Ideologie hannendrun ze laafen, dat ass de Politikstil vun de Piraten, ob an der Gemeng oder op nationalem Plang
(Sven Clement, Twitter, 28. August 2019)
En neien Dag, en neit Interview, en neien Artikel: An néierens entkënnt een him, dem gréisste Schreckgespenst an der haitege politesche Landschaft, dem Ursprong vun allem Béisem, dem Destillat vun allem, wat onsënneg an onräsonabel ass: Ideologie. Faarw: gréng, wéi Broccoli a Spinat, an dovun – dat weess all Kand, léisst ee léiwer d’Fangeren. Ideologie ass bäh. Wat dogéint gutt ass? Pragmatismus, Léisungen am Eeklang mat der Wirtschaft, de Bierger mathuelen.
Den Habitus fir Ideologie ze kritiséieren ass natierlech net nei. Kommunismus a Sozialismus sinn nach ëmmer als geféierlech Ideologien kritiséiert ginn, genee sou wéi verschidde Stréimungen aus dem rietse Spektrum. De Reflex, d’Existenz vun Ideologie u sech als kritikwierdeg duerzestellen, ass awer e Phänomen, dat rezent richteg u Schwong gewonnen huet.
„Wir wollen die Art und Weise, wie Politik gemacht und vom Bürger erlebt wird, neu definieren und umsetzen.“ Dies sagte Marc Ruppert, ehemaliger DP-Generalsekretär, bei der Vorstellung der neuen Partei „Fokus“, die er gemeinsam mit dem früheren CSV-Präsidenten Frank Engel gegründet hat. Um dieses Ziel zu erreichen, setze man auf bürgerliche Werte, frei von Ideologien und eine pragmatische Vorgehensweise.
(reporter.lu, 22. Februar 2022)
Et ass och net fir d’éischt an de leschte Joren, dass d’Denotatioun vun engem u sech nëtzleche Begrëff duerch eng konstant pejorativ Konnotatioun entstallt gëtt. De Sproochwandel, deen de “woke” Begrëff duerchlaf ass, ass e ganz änlechen. Ugefaang als Begrëff, dee vu Schwaarzen Amerikaner*inne benotzt gouf, fir d’Bewosstsinn fir sozial Ongerechtegkeeten ze beschreiwen, ass et relativ séier zum Schlagwuert bei der karikaturalen Duerstellung vun allem, wat net an e biergerlech wäertkonservative Kontext passt, ginn.
Dobäi kënnt een net derlaanscht d’Ironie ze notéieren, dass grad déi Mënschen, déi als elementaren Deel vun der „Wokeness“ de Versuch gesinn, d’Sprooch – zum Beispill duerch Genderen – ze veränneren, selwer d’Sprooch aktiv méi aarm maachen. Och d’Wuert “Ideologie” gëtt aktuell reegelméisseg mëssbraucht, fir politesch Géigner*innen ze diskreditéieren, mat der fatale Konsequenz, dass eis Sprooch an domat de Spektrum vum Virstellbaren reduzéiert ginn.
Parteipräsidentin Elisabeth Margue plädiert für eine pragmatische Politik, die nicht ideologisch gefärbt ist.
(Marc Schlammes, Luxemburger Wort, 26. März 2022)
Gëtt d’zentral Bedeitung vum Wuert “Ideologie” ëmgedeit an negativ behaft, beschränkt dat d’Méiglechkeeten vum ideellen a politeschen Ausdrock an Handelen. Wann et, wéi vu verschiddene Politiker*innen a Kommentator*innen dëser Deeg proposéiert, negativ ze betruechten ass, dass eng Persoun sech enger Ideologie higëtt, da gëtt ideologiefräit Denken an Doen zur Wonschvirstellung. E gudde Politiker ass deemno een, deen net un eng Ideologie gebonnen ass, mee een dee pragmatesch ass.
Just de Géigendeel vun Ideologie ass net Pragmatismus, wéi déi meescht Kommentator*innen, déi sech eng entideologiséiert Welt wënschen, behaapten. Pragmatismus bedeit, dass een seng Handlungen duerno ausriicht, de gréisstméiglechen Erfolleg ze hunn. Et bedeit net, Handlungen ze wielen, déi fir denkbar vill Leit akzeptabel sinn, ouni dass een dobäi eppes ze verléieren hätt. Sinn d’Iddien, déi mat enger Ideologie verbonne sinn, praktikabel a vun Notzen, dann ass hir Uwendung deemno pragmatesch. Sech dëser Ideologie ze verschléissen wier et net.
Charles Goerens voit monter une nouvelle génération « qui sait ce qu’elle veut, qui est bien informée, pragmatique et qui n’est quasiment liée à aucune idéologie » : « Ils iront loin… En fait, ils sont déjà allés loin… »
(Bernard Thomas, „L’année des Tigres“, d’Lëtzebuerger Land, 11. November 2022)
De Géigendeel vun Ideologie ass also éischter Willkür a Mediokritéit. An an dëser Willkür ass villes méiglech. Well Politiker*innen, déi komplett onideologesch sinn, si genee wéi hir Positiounen austauschbar an oendlech dehnbar. Wa si net mat klore Prinzipien un hir Aarbecht eruginn, si si eigentlech näischt anescht wéi duerch en demokratesche Prozess ausgewielte Manager an Administratoren. Si sinn Ausdrock vun enger Kultur, déi Perséinlechkeeten als méi wichteg ugesäit wéi d’Iwwerzeegungen.
An egal wéi gutt e Manager ass, verkënnt d’Demokratie, wann den Auswalprozess vun eise Representanten vun ideologeschen Iwwerleeungen entbonnen a just nach op Perséinlechkeeten cibléiert gëtt, zu engem Prozess, an deen d’Mediokritéit integral agebaut ass. Wien net mat anenee verknäppten Iddien Politik ugeet, ka wahrscheinlech och net fir déi Exzellenz stoen, déi sech d’Bierger*inne beim Walgang idealerweis vun hire Politiker*inne wënschen.
„Hinter den Grünen, besonders in Deutschland, steckt viel Ideologie. Das stört mich. Auch wenn ich für mehr Klimaschutz bin“, so der CSV-Politiker. Wer eine „determinierte Meinung“ vertritt, wie es Mosar formuliert, wird heftiger bekämpft.
(Florian Javel, Luxemburger Wort, 7. November 2022)
Eng Iddi ka gutt oder schlecht sinn. Deemno kann och eng Ideologie gutt oder schlecht sinn. Mee wéinst schlechten Iddien huet nach kee verlaangt, dass mir Iddien u sech opginn. Firwat sollten Ideologien, also zesummenhängend an openeen ofgestëmmten Iddien, verschwannen, just well et schlechter gëtt?
Eigentlech wier et wënschenswäert, wa Politiker*innen a Parteien sech traue géifen, elo virum Superwaljoer de Begrëff vun der Ideologie nees fir sech ze entdecken a positiv ze konnotéieren. Et wier wënschenswäert, wa Leit mat Iwwerzeegung optriede géifen an zu enger Ideologie stoe géifen, engem duerchdeklinéierte Katalog vun Iddien, déi aneneen iwwerginn, déi eppes Gesamtes bilden an déi op en Zil hischaffen.
Mir musse schonn eis Ambitioune ganz kloer erhéijen. Konkret Moossnamen mussen elo wierklech kommen, well wa mir just mat deem weiderfueren wéi et elo ass, dann erreeche mir dat Zil ganz sécher net. Da si mer éischter bei 2,8 Grad – an dat soen net ech, et ass elo net déi gréng, et geet hei elo wierklech net ëm iergendeng Ideologie, et geet ëm d’Wëssenschaft.
(Tilly Metz, Invitée vum Dag um 100komma7, 7. November 2022)
Si kéinte fir eng Ideologie stoen, déi mat Fakte schafft, mee sech gläichermoossen op theoretesch Virstellungen wéi d’mënschlecht Zesummeliewen praktesch ideal geléist gi ka, bezitt. Fir d’konkret Beispill vun der sougenannten a gréisstendeels just an der Virstellung vun hire Géigener*inne reelle “gréngen Ideologie” ze huelen, schéngt et evident, dass all d’Ziler, déi vun dëser formuléiert ginn, sech op wëssenschaftlech Erkenntnisser stäipen, an d’Léisungsweeër, déi doropshin ausmodelléiert ginn, versichen mat dësen am Eeklang ze sinn.
Et géif een sech vu Parteien vun all Couleur wënschen, dass si dëse Wee ginn. Ziler definéieren, Léisungsweeër dorop ofstëmmen, an dat Ganzt an e global gültege Kader setzen, deen d’eegent Iwwerleeën an Handelen regéiert. Just misst ee sou eng Approche dann Ideologie nennen an dee Courage feelt deene meeschte Leit hautdesdaags.
Dofir, léif Politiker*innen, mäi Wonsch fir d’Superwaljoer: Traut iech. Sidd ideologesch. A stitt dozou.
Protected: D’Joer, an deem et gereent huet
E fragille Wonsch no Stasis
Leit, déi dem David Simon, Createur vun der amerikaneschen Tëleesserie The Wire – enger Serie iwwer organiséiert Verbriechen zu Baltimore – op Twitter followen, sinn an de leschte Méint Zeien vun engem interessante Spektakel ginn. All Kéier wann de Simon, dee bekannt dofir ass, sech gären an dacks politesch ze äusseren, eppes zum Theema Rassismus kommunizéiert huet, sinn Trollen aus de Lächer geschoss, fir him virzewerfen eng rassistesch Tëleesserie produzéiert ze hunn. Firwat dëse Virworf? Well an The Wire Drogendealer an der Reegel Schwaarz sinn.
Continue readingEn Numm fir e Stadion
“What’s in a name?” freet d’Juliet op sengem Balcon, fir d’Äntwert selwer ze ginn – “A rose by any other name would smell as sweet.” Zouginn, d’Juliet well just eng verbueden Teenagerléift rationaliséieren, a beschäftegt sech net mat der ëm Längte méi wichtege Fro duerno, wéi en nationale Fussballstadion heesche soll. Mä seng Fro a Konklusioun stoussen awer d’Dier op, fir de Gedanken weider ze spannen, wéi de Stadion zu Gasperech heesche soll.
Continue reading