E kuerze Bléck op dem Todd Haynes seng Filmographie léisst erkennen, wat déi grouss Zich am Regisseur vu Velvet Goldmine, Far From Heaven, Safe an I’m Not There senger Carrière si kéinten: Réckbléck op fréier Perioden an d’Erfuersche vun – dacks ongewinnten – Identitéiten. Dem Auteur säin neiste Film, Carol, nominéiert fir 6 Oscars, reit sech schnörkellos an des Opzielung mat an. Baséiert um Patricia Highsmith sengem Roman, erzielt en d’Geschicht vun zwou Fraen, dem onglécklech bestuetene Carol (Cate Blanchett) an dem jonken an onerfuerene Therese (Rooney Mara), déi sech zu New York Ufank de 50er Joere kenne léieren an anenee verléiwen.
Continue readingCategory: Uncategorized
Parks and Recreation
Ech war néiergeschloen, wéi eng vu menge Lieblingsserien Parks and Recreation dës Woch op en Enn komm ass, well et ëmmer traureg ass, wann ee sech vun eppes muss trennen, wat engem jorelaang Freed bruecht huet. Ech weess, Tëlee kucken ass elo net onbedéngt eppes wat fir d’Welt bedeitend ass. Et gëtt wesentlech Schlëmmeres ze beriichten, wéi de Schluss vun enger Show, déi ni vill Succès bei den Zuschauer hat, an all Dag geschitt esou vill Ellenes op eisem Planéit, dass et frech ass, esou eppes banales esou vill Zeilen ze widmen. Mä ech denken net, dass ech ze wäit ginn, wann ech behaapten, dass mir mat Parks and Recreation eng vun de wichtegsten Ënnerhalungen vum leschte Joerzéngt verléieren – well et eng Serie war, déi ëmmer doru gegleeft huet, dass Mënsche kënnen hiert Gléck fannen, dass Guttsinn sech bezuelt mécht, an déi Humor kreéiert huet, ouni béishaft ze sinn (ofgesi vun der Behandlung vum Garry/Jerry/Larry/Terry (Jim O’Heir), deen awer trotzdem ni onglécklech war).
Continue readingWat den Oscar gutt fënnt, vu mir klasséiert
Ech sinn nach net esou wäit fir meng eegen Top 10 vum Joer néier ze schreiwen. Engersäits well munnech Filmer nach ze frësch a mengem Gedächtnis sinn, anerersäits well Filmer wéi Inherent Viceoder Wild et nach net bis iwwert den Atlantik gepackt hunn.
Vu dass den Owend d’Oscars sinn, wollt ech awer emol mäi Pefferkär zu den aacht fir de beschte Film nominéierte Wierker lass ginn. Eng Rei Kritiker hu vun engem schwaache Joer geschwat, a kloer hätt ee kënnen eng ganz Palett aner Filmer hei nominéieren. Och meng eegen Top 10 wäert wéineg Iwwerschneidungen mat dëser Auswiel hunn. An awer muss ech soen, dass an dësem Joer de Choix vu Filmer net esou extrem enttäuschend ass, wéi et schonn emol a leschter Zäit war. Dës Filmer sinn eng vertrietbar Auswiel, déi d’Filmjoer 2014 net all ze schlecht representéieren.
Continue readingHow I Met Your Mother
How I Met Your Mother war emol d’Geschicht vun engem Mann, dee sengen zwee Kanner duerch eng mäandernd Erzielweis matdeele wëll, wéi en am New York vum fréien 21te Joerhonnert, mat Hëllef vu senge beschte Frënn, hir Mamm kenne geléiert huet. Et war d’Geschicht vum Ted, engem naive Mëttzwanzeger, deen un d’Schicksal gegleeft huet, an deen als romantesche Lead interessant war, well et, entgéint dem stereotypesche Männerbild, säin Zil war sech ze bestueden. Säi beschte Frënd Marshall war en häerzensgudde Mann, deen duerch Éierlechkeet bestach huet a mat zwee Féiss um Buedem stoung, während seng Verlobten wesentlech méi komplizéiert war wéi hien, an awer trotzdem prinzipientrei gewierkt huet. Da gouf et nach den onsägleche Barney, deen si beschtefalls toleréiert hunn, well si hien ënnerhalsam fonnt hunn, mä fir deem säi Liewensstil si awer wéineg Verständnis opbrénge konnten.
Continue reading