lantern on wall in narrow alley in luxembourg

Luc-enhaft Demokratie

D’Martine Deprez huet vum Premierminister en Optrag kritt. De Gilles Roth och. De Serge Wilmes souwisou. D’Elisabeth Margue iergendwann och, just de Léon Gloden, krut keen, well hien als Verfassungsexpert natierlech weess, dass all Minister fir säin eegene Ressort responsabel ass an de Premierminister keng Opträg ze verdeelen huet… – ha! – natierlech krut och hien en Optrag

De Luc Frieden huet Féierungsrollen a Betriber gehat, an an engem Betrib decidéiert de Chef. De Luc Frieden wënscht sech, Lëtzebuerg wier e bësse méi wéi e Betrib a gesäit sech als CEO dovun. Am Neijoerschinterview um RTL huet hie gemengt, et bräicht ee kee Premier, wann dësen net dem Rescht vun der Regierung matdeele géif, wann hien eppes gutt oder net gutt fënnt. An ob Pensiounsreform, Steierreform, Justizreform oder den État d’esprit am Ëmweltministère, huet hie senge Leit a villerlee Hisiicht wësse gedoen, wat de Premier gär hätt a wat net.

De Luc Frieden wëll eppes net sinn, an zwar ideologesch. Well ideologesch ze sinn, géif bedeiten, dass ee seng Aktiounen aus moraleschen oder politeschen Iwwerzeegungen ofleet. Esou ee Luxus ka Lëtzebuerg, dat weess de Luc Frieden, sech an Zäite, wou säi Businessmodell um Spill steet, net erlaben. An dofir loosse mir dat mat den Iwwerzeegungen elo mol sinn.

Esou erkläert sech, dass de Luc Frieden no bannen Opträg verdeelt, mee no bausse keng Positioun bezéie wëll. Da kann ee scho mol dorun zweiwelen, ob wierklech esou vill Kanner hei am Land engem Aarmutsrisiko ausgesat sinn. Da kann een och emol Brécke bauen zu engem Viktor Orbán hin. Et kann een net ausschléissen, dass iergendwann westlech Truppen an der Ukrain kämpfen. Well och e Luc Frieden huet keng Glaskugel mat där hien an d’Zukunft blécke kann. Mee am Prinzip ass jo alles méiglech.

Op internationalem Parquet, muss een, wann alles méiglech ass, natierlech besonnesch oppassen, dass een net d’Impressioun vermëttelt, iergendeng Positioun ze vertrieden. Et muss ee sou, zum Beispill, d’Verhale vun der israelesche Regierung géigeniwwer de Mënschen a Gaza net gutt fannen. Mee anerersäits ass et engem onideologesche Premier natierlech net erlaabt, d’Verhale vun der “eenzegen Demokratie” an der Regioun kritesch ze kommentéieren, wéi de Luc Frieden am Neijoerschinterview um RTL erkläert huet.

Genee esou kann en onideologesche Premier, och wa mir weiderhin géint d’Atomkraaft sinn, kee Reaktor an eisem Land wëllen, an eis och wënschen, dass all d’Reaktoren ronderëm eis ofgeschalt ginn, sech net erlaben, aner EU-Staaten dofir ze kritiséieren, dass si un dëser iwwerdeierten an net bis zu Enn duerchduechten Technologie festhalen. An – allez hëpp – wee si mir fir ze kritiséieren, wann och nach EU-Gelder dora gestach ginn?

Et kléngt esou einfach. Mir moossen eis net méi un, aner Länner fir hir Entscheedungen ze kritiséieren, an am Géigenzuch loosse si eis vläicht och gewäerden. Brilliante Schachzuch oder awer e bësse schwaach, vun engem Land, wat seng Kandidatur gestallt huet, fir 2031-32 Deel vum UN-Sécherheetsrot ze sinn? Ech wëll et net beuerteele, well wie sinn ech, fir dem Luc Frieden seng Iwwerleeungen ze kritiséieren.

Mee djëft, zu enger klenge Beuerteelung gesinn ech mech dann awer higerappt. Ech maache mir Suergen, wa mir no elo grad emol véier Méint vun der neie Regierung um Punkt ukomm sinn, dass den Ëmweltminister de Koalitiounsaccord géint säin eegene Premier verdeedege muss. Dass mir um Punkt ukomm sinn, dass aner Regierungsmemberen sech, entgéint hirer eigentleche Missioun, vum Premier Opträg erdeele loossen. Dass de Chamberpresident mengt, hien dierft a senger Funktioun keng Meenung méi ëffentlech vertrieden. Dass dem Premier a reegelméissegen Ofstänn, Aussoen erausrutschen, déi keng demokratesch Legitimitéit hunn.

Journalist*inne werfen am Kader vum Heescheverbuet gär d’Fro an de Raum, ob mir ieren eng institutionell Kris hätten, a kréien ëmmer nees Nee geäntwert. Gläichzäiteg gesäit eise Premierminister sech dozou ermächtegt, d’Land esou ze verwalten an ze gestalten, no bannen an no baussen, wéi et him perséinlech gefält. A mäi Verständnis vun eisen demokratesche Strukture war bis elo en anert.

Mee et steet mir jo eigentlech net zou, dat ze kritiséieren.

Leave a Reply